Back to top
Oktober
07
14:30

ZongenZodi - Ëffentlech Virstellung & Maisons Relais

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien

 

07.10.2025, 09:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2)

07.10.2025, 14:30 (Ëffentlech Virstellung & Maisons Relais)

08.10.2025, 09:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 2 & 3) 

08.10.2025, 14:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2)

 

Brandbau

4-8 Joer / Op Lëtzebuergesch

Dauer: 45min. 

 

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op…an op eemol geréit alles duercherneen ! ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.

 

Koproduktioun Escher Theater; Erzielkonscht a.s.b.l.

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

 

Maisons Relais: 7€ pro Kand (Gratis fir d’Begleedpersonal) 

Umeldung: info@cooperations.lu

 

Kulturpass

Den Entrée mam Kulturpass ass an der Dageskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

Service Fee

Op all Ticket (ausser dem Kulturpass-Tarif an dem Tarif fir d'Schoulen an d'Maisons Relais) gëtt eng "Service Fee" vun 2€ berechent. Merci fir Äert Versteesdemech.

 

Tarif
  • Erwuessener (+2€ Service Fee)
    12.00
  • Kanner a Jonker <26 Joer (+2€ Service Fee)
    7.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

Februar
21
Event
11
Februar
22
Jeune public
6
Februar
28
19:00
-----
Event
11
März
08
20:00
-----
Spectacle
7
März
15
10:00
-----
Event
11
März
21
Event
11
März
28
19:00
-----
Event
11
April
04
Concert
5
April
05
Concert
5
Mai
23
Concert
5
Mai
24
Concert
5
Mai
28
19:00
-----
Concert
5
Oktober
07
Jeune public
6
Oktober
08
Jeune public
6
Oktober
08
Jeune public
6