Back to top
Mai
27
14:30

KANNERKINO: Dem Leo seng kleng Welt

Film mat Encadrement
Originaltitel: Le petit monde de Leo

Adaptéiert vun dem Léo Lionni senge schéine Kannerbicher, tauche mir an dëse fënnef Kuerzfilmer an déi fantastesch a magesch Welt vun den Déieren an: mir begéinen d’Fësch an hirem Weier, léieren e Krokodil kenne wat op 2 Patte goe kann a quake mat de Fräschen ëm d’Wett. Eng poetesch Rees fir déi ganz Kleng. 

Informatiounen
3+
Ouni Dialoger

Kannerkino
Entdeckt eise Kannerfilmprogramm KANNERKINO, all leschte Samschden am Mount um 14:30 Auer! Mir weisen iech déi schéinste Kannerfilmer a bréngen iech doduerch déi magesch Welt vum Kino méi no! Niewt speziell erausgesichten an adaptéierte Filmer fir déi verschidden Altersklasse bidde mir och en Encadrement virum an nom Film un. Mir maachen eng kléng Aleedung a schwätzen och nom Film nach mat iech iwwert all déi schéi Geschichten déi mir grad gesinn hunn.

Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

/// TICKET ///

Tarif
  • Kanner an Erwuessener
    5.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Ciné Prabbeli

8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11