Back to top
January
20
10:15

SOLD OUT - D'Faarwemonster - Schoulvirstellung

Eng Geschicht iwwert de Klang vu Gefiller, Faarwen a Frëndschaft

Déi rout Faarf vermëscht sech mat der gieler, d’Blo geet an d’Gréng iwwer. Schwaarz Faarwewolleken tiermen sech op an danze mat dem rosa Niwwel. D’Faarwemonster ass doruechter. Seng Faarwen si komplett duerchernee geroden! Dat mécht et rosen! Nee, traureg... Oder fäertereg? Seng Frëndin d’Esmeralda wëll him beim Sortéieren hëllefen...

Wéi fillen ech mech? Wéi kann ech meng Gefiller ausdrécken? Fräi nom Buch vum Anna Llenas hunn d’Jenny Spielmann an d’Catherine Hengesch eng Klang-Erzielung inzenéiert, déi de Kanner spilleresch a musikalesch d’Welt vun den Emotioune méi no bréngt.

Dobäi hëllefen de Kanner net nëmmen déi verschidde Faarwen, hir Gefiller ze verstoen an ze identifizéieren. Mee si entdecken och mat Hëllef vun der Musek (ënner anerem mat Stécker vum Pharell Williams, Antonio Vivaldi oder Edvard Grieg), wéi ënnerschiddlech Kläng a Melodië bei eis verschidde Stëmmungen ausléisen an datt all Gefill seng Plaz verdéngt huet.

Kammerata Luxembourg
Jenny Spielmann, Catherine Hengesch, Konzeptioun, Spill. Frin Wolter, Akkordeon. Nathalie Ludwig, Klarinett. Unna Nousiainen, Braatsch. Anik Schwall, Cello. Claude Kraus, musikalesch Arrangementer.

Infoen
Klang-Erzielung fir Kanner fräi nom Buch vum Anna Llenas
Op Lëtzebuergesch
3-6 Joër
Dauer: 40 Minutten 

Umeldung fir Schoulen
info@cooperations.lu

Tarif
  • Kanner
    5.00
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxembourg

Facebook
SOLD OUT

Programme CULTUREL

March
21
Event
11
March
22
Concert
5
March
28
19:00
-----
Event
11
March
29
Jeune public
6
April
04
Concert
5
April
05
Concert
5
April
18
Event
11
April
25
19:00
-----
Event
11
April
26
Jeune public
6
May
23
Concert
5
May
23
Event
11
May
24
Concert
5
May
28
19:00
-----
Concert
5
May
30
19:00
-----
Event
11
June
20
Event
11
June
27
19:00
-----
Event
11
October
07
Jeune public
6
October
08
Jeune public
6
October
08
Jeune public
6