Back to top
October
08
14:30

ZongenZodi - Schoulvirstellung

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien

 

07.10.2025, 09:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2)

07.10.2025, 14:30 (Ëffentlech Virstellung & Maisons Relais)

08.10.2025, 09:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 2 & 3) 

08.10.2025, 14:30 (Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2)

 

Brandbau

4-8 Joer / Op Lëtzebuergesch

Dauer: 45min. 

 

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op…an op eemol geréit alles duercherneen ! ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.

 

Koproduktioun Escher Theater; Erzielkonscht a.s.b.l.

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

 

Schoulvirstellung: 7€ pro Kand (Gratis fir d’Léierpersonal) 

Umeldung: info@cooperations.lu

Tarif
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxembourg

Programme CULTUREL

March
21
Event
11
March
22
Concert
5
March
28
19:00
-----
Event
11
March
29
Jeune public
6
April
04
Concert
5
April
05
Concert
5
April
18
Event
11
April
25
19:00
-----
Event
11
April
26
Jeune public
6
May
23
Concert
5
May
23
Event
11
May
24
Concert
5
May
28
19:00
-----
Concert
5
May
30
19:00
-----
Event
11
June
20
Event
11
June
27
19:00
-----
Event
11
October
07
Jeune public
6
October
08
Jeune public
6
October
08
Jeune public
6