Back to top
April
24
19:00

The Tame and the Wild/ Wolf & Moon

Ënnert dem Motto Stärenuecht, an an Zesummenaarbecht mam Night, Light & More Festival brénge mer Wolf & Moon an The Tame and the Wild ënnert de fräien Himmel - direkt an eise Jardin de Wiltz.

Apéro - Wann déi Sanitär Oplagen et erlaben: 18:00

Wolf & Moon (Indie Folk, DE): 19:00

De Stil vum Wolf & Moon Duo zeechent sech duerch eng musikalesch Mëschung vu verdreemtem Indie-Folk an Elektro-Elementer aus. Hir Tracks lueden doduerch net just a fir ze dreemen, mee och fir ze danzen. Hiren éischten Album "Before It Gets Dark" huet d'Duo scho bis an Australien, d'USA, Groussbritannien, Irland, Däitschland an Holland gefouert.

Tame and the Wild (Indie Folk, LU): 20:30 

 D’Lidder vun der Band The Tame and the Wild, mam Singer-Songwriter-Duo Seja a Flëpp si Momentopnamen, Geschichte geprägt vun der Natur, vun Erënnerungen an Dreem, vum Lassloossen a Festhalen. Beaflosst ginn hier nostalgesch Kläng vu Bands wéi Daughter, Angus & Julia Stone, Kodaline a Boy.

 

Location: Prabbeli Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Virverkaf 14.00 EUR, Oweskees 16.00 EUR (< 26 Joer Virverkaf 7.00 EUR, Oweskees 9.00 EUR) (Kulturpass 1.50 EUR) 

---

D'Concerte am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

 

/// Weider Events am Kader vun de Garden Sounds: ///

01.05, Zu Wooltz gëtt geraibert - 14:30 (Workshop fir Kanner, LU)/  Arthur Possing Quartet - 15:00 (Jazz, LU) 

8.05, Tom Gatza - 19:00 (Neoclassical, DE)/All Reitz Reserved (Violin Electronica, LU): 20:30

14.05, Liesung mam Jemp Schuster: Blutsëffer an Ouereschlëffer - 19:00 (Liesung, LU)

15.05, Pascal Schumacher - 19:00 (Neoclassical/ Jazz/ Ambient, LU)

22.05, Benoît Martiny Band - 19.00 (Jazz/ Rock/ Fusion, LU)

29.05, Kid Colling Cartel (Blues, LU) - 19:00

05.06, Hannah Ida - 19:00 (Folk, LU) / Claudine Muno Trio - 20.30 (Folk, LU) 

11.06, Poetry Slam de Lux'11 - 19:00 (Poetry Slam, LU) 

12.06, Don Piano - 19:00 (Urban, Soul, LU)

19.06, Fête de la Musique - 14:00 (École de Wiltz, LU)

 

 

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitäroplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.

 

Tarif
  • Prévente <26 ans
    7.00
  • Caisse du soir <26 ans
    9.00
  • Prévente
    14.00
  • Caisse du soir
    16.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Facebook

Programme CULTUREL

März
01
Expo
10
April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11