Back to top
März
23
19:30

Roland Meyer : FOOD LEAKS

"Du bass wat s du ëss!", sot emol ee méi oder manner gescheite Mënsch an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?

Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir! A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d'Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt. Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!

Nom groussen Erfolleg vu sengen "Zikelalarm-Programmer" hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi "gutt a vill" grad esou wéi "Fräibéier" nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn. 

Tarif
Prix normal: 12,00 €
Prix réduit: 6.00 €
Prix "Kulturpass": 1.50 €
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11