Back to top
November
24
19:30

Kaz am Sak 3

Mir loossen d'Kaz fir d’Drëtt aus dem Sak ... den Treffpunkt fir d'Veranstaltung ass um 19:30 op folgender Adresse:
Place des Martyrs - 2 Gruberbeerig - Wiltz 

De Virverkaf leeft bis Samschdes, de 24.11., um 12:00 Auer. Et gëtt och nach Ticketen op der Platz. 

 

CLOSING PARTY: 
No der "Kaz" invitéiere mir Iech nach ganz haerzlech op eis Closing Party vun der "Kaz am Sak 2018". Bei der "Kaz am Sak an d’Sau eraus"-Party kennt Dir danzen oder einfach bei engem Patt en DJ Set vum Serge Tonnar genéissen. 

(Den Entrée fir dësen Event ass fräi mam Ticket vun der "Kaz am Sak". Infos: https://bit.ly/2AbuHKV) 

___

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an. D'Leit kafen, fir een Owend, d'Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.

Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen. D'Platzen hunn d'Identitéit an d'Geschicht vu Wooltz a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.

De Publikum wäert des Platzen, déi meeschtens net zougänglech sinn, an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun.

Koproduktioun MASKéNADA, Hydre Editions & Prabbeli Wiltz

Tickets

Normal (VVK & AK): 20,00 €
Kulturpass (AK): 1,50 €
Den Ticket vum "Kaz am Sak 3" gëllt och fir'd Party "Kaz am Sak an d'Sau eraus".

Tarif
Lieu: Ort wird noch bekannt gegeben
SOLD OUT

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11