“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni Kreditkaart a Greta. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Fussball gespillt. A mir hunn et iwwerlieft.
Genre : Literaresch-kabarettistesch Liesung