Jemp Schuster - Liesung
Claire Parsons - musikalesch Begleedung
De Jemp Schuster ass säit 1985 fräiberufflech als Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Kabarettist a Regisseur täteg. 2020 koum dunn säin éischten historesche Roman Bluttsëffer eraus, 2021 dunn mat Ouereschlëffer d‘Suite vun der Joerhonnert Saga. Déi zweedeeleg Familljesaga erzielt Geschicht vu fënnef Generatiounen tëscht 1905 bis 2005. Se zeechent e Bild vum ländleche Liewen am Norde vu Lëtzebuerg, ënnert dem Afloss vu groussen a klenge politeschen Evenementer. Mee se erzielt virun allem och, den Afloss vum Krich op d’Eenzelschicksaler vun de Fraen aus der Famill, baséierend op enger wouerer Geschicht.
Am Kader vun de Garden Sounds organiséiert de Prabbeli zesumme mam Schrëftsteller eng Liesung aus dem "Bluttsëffer" souwéi och dem "Ouerschlëffer". Loosst iech vun der Stemm vum Auteur mathuelen an erlieft wéi d'Protagonisten aus de Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum lieweg ginn, an engem gemittleche Liesungs-Owend am Weeltzer Gaart.
Begleet gëtt de Jemp Schuster vun der Sängerin a Multi-Instrumentalistin Claire Parsons.
D'Bicher gin et no der Liesung beim Bicherdësch vum ChrisTina's Bicherbuttik ze kafen.
Des Liesung gëtt vun der Weeltzer Ludo-Bibliothéik (WeLuBi) ënnerstëtzt.
Location: Prabbeli - Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)
Tickets: Normal 10 EUR / Studenten 5 EUR
---
D' Events am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek a Co. gehéiert - alles dobaussen am Gaart.
/// Weider Events am Kader vun de Garden Sounds: ///
24.04, Wolf & Moon (Indie Folk, DE) - 19:00/ The Tame and the Wild - 20:30 (Indie Folk, LU)
01.05, Zu Wooltz gëtt geraibert - 14:00 (Workshop fir Kanner, LU)/ Arthur Possing Quartet - 15:00 (Jazz, LU)
8.05, Tom Gatza - 19:00 (Neoclassical, DE)/All Reitz Reserved- 20:30 (Violin Electronica, LU)
15.05, Pascal Schumacher - 19:00 (Neoclassical/ Jazz/ Ambient, LU)
22.05, Benoît Martiny Band - 19.00 (Jazz/ Rock/ Fusion, LU)
29.05, Kid Colling Cartel (Blues, LU) - 19:00
05.06, Hannah Ida - 19:00 (Folk, LU) / Claudine Muno Trio - 20.30 (Folk, LU)
11.06, Poetry Slam de Lux'11 - 19:00 (Poetry Slam, LU)
12.06, Don Piano - 19:00 (Urban, Soul, LU)
19.06, Fête de la Musique - 14:00 (École de Wiltz, LU)
/// CORONA UPDATE ///
Et gëllen déi aktuell Sanitäroplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.