ACOUSTIC SINGER-SONGWRITER-FOLK
D'Halunken, dat sinn eng Këscht an eng Rëtsch Stëmmen, Säiten, Tasten an Troteren, déi hier eege musikalesch (On)Vollkommenheet mat vill Freed an Häerzlechkeet zum Erklénge bréngen. Mol méi ausgeloossen a verspillt, mol méi verdreemt, duuss an zerbriechlech, lueden si a fir sech goen ze loossen, matzewibbelen an ze sangen.
Support: 7LasT
7LasT sinn zwee Mëller aus dem Norden: De Sam Aktinson (Bingo-Bongo-Mann) an de RaF Parrinha (Gittar-Mann a Jodel-Mann), déi decidéiert hunn, mat Rockmusek Lëtzebuerg 'on fire' ze setzen.