Back to top
Februar
25
14:30

Kannerkino: D’Schwéngchen, de Fuuss an d’Millen

Film mat Encadrement
Originaltitel: Le cochon, le renard et le moulin

E klengt Schwéngchen a säi Papp wunnen uewen op engem Hiwwel, dee vun enger grousser schwaarzer Wollek menacéiert gëtt. Ier hie fortgaangen ass fir géint den Niwwel ze kämpfen, baut de Papp eng Wandmille fir d'Wollek ewechzehalen an den Hiwwel a seng Awunner ze schützen. Eleng gelooss an ouni säi Papp, fënnt dat klengt Schwéngchen Trouscht bei sengem Frënd dem Fuuss. Zesumme maachen si all méiglech iwwerraschend Entdeckungen! 

Informatiounen
4+
Ouni Dialoger

Kannerkino
Entdeckt eise Kannerfilmprogramm KANNERKINO, all leschte Samschden am Mount um 14:30 Auer! Mir weisen iech déi schéinste Kannerfilmer a bréngen iech doduerch déi magesch Welt vum Kino méi no! Niewt speziell erausgesichten an adaptéierte Filmer fir déi verschidden Altersklasse bidde mir och en Encadrement virum an nom Film un. Mir maachen eng kléng Aleedung a schwätzen och nom Film nach mat iech iwwert all déi schéi Geschichten déi mir grad gesinn hunn.

Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

/// TICKET ///

Tarif
  • Kanner an Erwuessener
    5.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Ciné Prabbeli

8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

Oktober
24
Event
11
Oktober
31
19:00
-----
Event
11
November
21
Event
11
November
28
19:00
-----
Event
11
Dezember
19
Event
11
Januar
30
Concert
5
Februar
07
Concert
5