Back to top
Dezember
31
14:30

KANNERKINO: De Pat an de Mat am Wanter

Film mat Encadrement
Originaltitel: Pat et Mat en hiver

De Pat an de Mat sinn zwee Handwierker, gutt Frënn an Noperen. Zesumme stellen si sech ëmmer erëm neien Erausfuerderung a ginn ni op. Et ass hinnen egal, wann net ëmmer alles esou leeft wéi geplangt: Si bleiwen ëmmer gutt gelaunt an optimistesch. Programm mat fënnef Kuerzfilmer iwwer d'Aventure vum Pat a Mat, déi mat eis zesummen d’Joer flott ausklénge loossen.

Informatiounen
3+
Ouni Dialoger

Kannerkino
Entdeckt eise Kannerfilmprogramm KANNERKINO, all leschte Samschden am Mount um 14:30 Auer! Mir weisen iech déi schéinste Kannerfilmer a bréngen iech doduerch déi magesch Welt vum Kino méi no! Niewt speziell erausgesichten an adaptéierte Filmer fir déi verschidden Altersklasse bidde mir och en Encadrement virum an nom Film un. Mir maachen eng kléng Aleedung a schwätzen och nom Film nach mat iech iwwert all déi schéi Geschichten déi mir grad gesinn hunn.

Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

/// TICKET ///

Tarif
  • Kanner an Erwuessener
    5.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Ciné Prabbeli

8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
Mai
25
20:30
-----
Concert
5