Back to top
März
02
10:30

SOLD OUT - D'Prinzessin op der Ierbes

Theater fir Kanner
4-8 Joer / Op Lëtzebuergesch
Dauer: 45min

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng echt Prinzessin misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert… Den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch all déi Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Theater fir Kanner vum Traffik Theater Lëtzebuerg​​
Produktioun vum Escher Theater, Koproduktioun vum Prabbeli Wiltz

Kulturpass Info
Den Entrée mam Kulturpass ass an der Oweskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

© Patrick Galbats
Tarif
  • Kanner a Jonker <26 Joer
    5.00
  • Erwuessener
    10.00
  • Kulturpass (Oweskeess)
    1.50
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

September
20
Event
11
September
21
Event
11
Oktober
22
20:30
-----
Concert
5
November
15
20:00
-----
Concert
5