BONNIE - an aner Kremart-Geschichten
vum Tullio Forgiarini mat Illustratioune vum Claude Grosch
Ab 3 Joer
D’Bonnie kann net schlofen. Et langweilt sech. A soss ass kee waakreg am Haus. Oder? D’Bonnie mécht sech op d’Sich no de Monsteren aus der Nuecht, fir mat hinnen … ze spillen! Well d’Bonnie fäert keng Monsteren. Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener.
Nuets gutt schlofen … dat klappt net ëmmer. "Bonnie" probéiert, mat Sensibilitéit, Fantasie an e bëssen Humor d’Angscht virun der Däischtert ze meeschteren. Net nëmme fir Kanner.
Den Tullio Forgiarini ënnerriicht säit 1989 am Lycée du Nord zu Wooltz. Niewebäi schreift hie Romaner, Kuerzgeschichten, Dréibicher an Theaterstécker fir Erwuessener, Kanner a Jugendlecher.
An Zesummenaarbecht mat der WELUBI Weeltzer Ludo-Bibliothéik