Back to top
Oktober
25
20:00

MÄMMORIES - Michèle Turpel

Doors: 19:00

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) säin 3. Soloprogramm MÄMMORIES, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. D’Musek fir d’Lidder huet d’Claire Parsons komponéiert. Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärercher blatzeg aus. Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva, an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Am Stil vum magesche Realismus. 

Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

Tarif
  • Adultes
    20.00
  • < 26 ans
    10.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg