Back to top
November
26
09:30

CANCELLED - ZongenZodi - Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2

Leider musse mir d'ZongenZodi”-Virstellunge vum 26. a 27. November ofsoen. Hei de Message vun der Kompagnie: 

Léif Alleguerten, 

Mir kommen haut mat enger net ganz esou gudder Nouvelle un, an zwar ass Eent vun eis fir eng Zäit mat Kretschen équipéiert. Well et mat deenen onhandleche Staange leider net méiglech ass, en Theaterstéck mat vill Beweegung ze spille, musse mir schwéieren Häerzens eis “ZongenZodi”-Virstellunge vum 26. a 27. November am Prabbeli zu Woltz ofsoen.

Mir entschëllegen eis fir des Ofso an hoffen, dass mir iech geschwënn nei Datummer kënnen annoncéieren.

Villmools Merci fir ären Interessi a bis ganz geschwënn

D’Equipe vun Erzielkonscht a.s.b.l.

---

Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!

ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.

Koproduktioun Escher TheaterErzielkonscht a.s.b.l.

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

INFOEN
4-8 Joer
Op Lëtzebuergesch
Dauer: 45min. 

Tarif
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Facebook

Programme CULTUREL

Dezember
10
19:00
-----
Event
11
Januar
19
Jeune public
6
Januar
20
Jeune public
6
Januar
20
Jeune public
6