Back to top
Januar
25
14:30

KANNERKINO: De Pat an de Mat

Film mat Encadrement
Originaltitel: Pat et Mat 

 

40min + 15min Encadrement 

De Pat an de Mat sinn zwee Handwierker, gutt Frënn an Noperen. Zesumme stellen si sech ëmmer erëm neien Erausfuerderung a ginn ni op. Et ass hinnen egal wann net ëmmer alles esou leeft wéi geplangt: si bleiwen ëmmer gutt gelaunt an optimistesch. 

Programm mat fënnef Kuerzfilmer iwwer dem Pat a Mat hir Aventuren.

Informatiounen
3+
Ouni Dialoger

Kannerkino
Entdeckt eise Kannerfilmprogramm KANNERKINO, all leschte Samschden am Mount um 14:30 Auer! Mir weisen iech déi schéinste Kannerfilmer a bréngen iech doduerch déi magesch Welt vum Kino méi no! Niewt speziell erausgesichten an adaptéierte Filmer fir déi verschidden Altersklasse bidde mir och en Encadrement virum an nom Film un. 

Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, biede mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

/// TICKET ///

Tarif
  • Erwuessener a Kanner
    5.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Ciné Prabbeli

8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg