Back to top
April
11
20:30

Serge Tonnar Trio - Concert & Live Album Recording

Doors: 19:00

Fräi Sëtzwiel

 

De Serge Tonnar trëtt hei mat zwee aussergewéinlech villsäitegen Jazzmuseker op. De Boris Schmidt um Kontrabass ass e Meeschter vum Groove – seng roueg, awer onerschütterlech Präsenz verleet dem neie Klang déi néideg Déift. De Michel Meis spillt d’Batterie wéi e melodescht Instrument: subtil, verspillt a voller Iwwerraschungen. Den Autodidakt Serge Tonnar op der akustescher Gittar mécht den Trio komplett a léisst seng Lidder an engem frësche Klanggewand erwächen – mat méi Raum a Pausen, e bëssen jazzy an easy-going, awer ëmmer nees duerchwuess mat fatzegen Instrumentalpassagen. 

Serge Tonnar: Gittar & Gesang

Boris Schmidt: Kontrabass

Michel Meis: Batterie

 

Special Guest: Marly Marques

 

Kulturpass

Den Entrée mam Kulturpass ass an der Oweskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

Service Fee

Op all Ticket (ausser dem Kulturpass-Tarif) gëtt eng "Service Fee" vun 2€ berechent. Merci fir Äert Versteesdemech.

Tarif
  • Erwuessener (+2€ Service Fee)
    23.00
  • Studenten (+2€ Service Fee)
    13.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg