LU
11:00-18:00 Auer
Kanner bis 12 Joer inclus: Gratis
Ticket: 8€ (+2€ Service Fee)
De 25. Mee verwandelt sech de Jardin de Wiltz am Kader vum Garden Sounds an e liewegt Fest fir Grouss a Kleng. De Garden Sound – Family Day ass eng Invitatioun un all Generatiounen, fir zesumme Musek, Natur a Kreativitéit ze genéissen.
Erwaart Live-Musek, interaktiv Atelieren a vill Spill- a Kreativaktivitéiten fir Kanner an Erwuessener. D’Kanner kënnen sech an der Konscht ausprobéieren, u Spiller deelhuelen oder spannend Geschichten erfannen, wärend d’Erwuessener regional Spezialitéiten, e gudde Patt an déi eenzegaarteg Festivalambiance genéissen.
Spadséiert duerch de Gaart, maacht mat bei engem Atelier oder entspaant Iech mat Frënn a Famill bei gudder Musek an enger naturverbonnener Atmosphär. Egal ob Dir hei sidd fir ze spillen, z’entspanen oder eppes Neies z’entdecken – hei ass fir jiddereen eppes dobäi.
Kommt laanscht a verbréngt en onvergiessleche Moment an der Natur, ëmgi vu Musek, Kreativitéit a gudder Gesellschaft. Mir freeën eis op Iech!
Nikki Ninja & Afrobeathoven
Dem Nikki Ninja seng Superkraaft ass Reimen: Bam Bam Bam schéisst hatt mat Wierder, méi séier wéi säi Schied. E Projet vum Nicole Bausch an Dan Tanson mat Kompositioune vum Pol Belardi an Dennis Scholtes: Zesummen hun déi 4 e flotte Programm op d’Bee gestallt, dee mat Wuertwitz, fette Beats, jazzy Hooks a schlaue Reimereien vum fiktive Lëtzebuerger Duerf Räppeldëng erzielt.
Jonn Happi
Den Jonn Happi ass e faszinéierte Freestyler a gläichzäiteg dee witzegsten a cleversten Zauberer zu Lëtzebuerg. Mat Jonglerie, Gläichgewiichtskonscht an Danz beräichert hien all Moment – mat Magie a gudder Laun!
Weeltzer Bémöllecher
D'Weeltzer Bémöllecher sinn d'Jugendharmonie vun der Weeltzer Musik, wou jonk Museker hir Léift zur Musek entdecken an entwéckele kënnen. Mat Begeeschterung a vill Engagement trieden si bei Concerten an Events op a bidden eng flott musikalesch Erfarung fir déi Jonk.
A villes méi…
An Zesummenaarbecht mat dem Kannermusée PLOMM, Oasis an der Weeltzer Musik.
//PRAKTESCH INFORMATIOUNEN
Kulturpass
Den Entrée mam Kulturpass ass an der Oweskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.
Service Fee
Op all Ticket (ausser dem Gratisticket an dem Kulturpass-Tarif) gëtt eng "Service Fee" vun 2€ berechent. Merci fir Äert Versteesdemech.
📍Jardin de Wiltz
8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxembourg
---
EN
11:00-18:00
Children up to 12 years old (inclusive): Free
Ticket: €8 (+€2 Service Fee)
On May 25th, as part of the Garden Sounds, we’re turning the Jardin de Wiltz into a vibrant space for all generations. The Garden Sounds – Family Day is a celebration of music, nature, and creativity, where kids, parents, and friends can enjoy a day full of fun, relaxation, and great experiences.
Expect live music, interactive workshops, and plenty of hands-on activities for children and adults. Kids can get creative with art and crafts, join in on fun games, or explore storytelling sessions, while grown-ups enjoy regional food, artisanal drinks, and the unique festival atmosphere.
Stroll through the gardens, take part in a workshop, or simply unwind with family and friends while enjoying the music and surroundings. Whether you’re here to play, relax, or experience something new—there’s something for everyone.
Come and spend a beautiful day in nature, surrounded by music, creativity, and good company. We look forward to welcoming you.
Nikki Ninja & Afrobeathoven
Nikki Ninja’s superpower is rhyming: Bam Bam Bam—she shoots words faster than her own shadow. A project by Nicole Bausch and Dan Tanson, with compositions by Pol Belardi and Dennis Scholtes, this dynamic team has put together an exciting show filled with wordplay, heavy beats, jazzy hooks, and clever rhymes, all set in the fictional Luxembourgish village of Räppeldëng.
Jonn Happi
Jonn Happi is a captivating freestyler: whether it’s romantically chaotic juggling, daring balance routines, or contemporary dance, he enriches the moment you’re living in.
Weeltzer Bémöllecher
The Weeltzer Bémöllecher are the youth harmony of the Weeltzer Musik, where young musicians can discover and develop their passion for music. With enthusiasm and dedication, they perform at concerts and events, offering a wonderful musical experience for young talents.
And many more…
In collaboration with the Kannermusée Plomm, Oasis and the Weeltzer Musik.
// PRACTICAL INFORMATION
Kulturpass
Entry with the Kulturpass is possible at the box office. Since we need confirmation of your identity, we ask you to bring your Kulturpass with you to the event.
Service Fee
A service fee of 2€ is charged on each ticket (except the free ticket and the Kulturpass ticket). Thank you for your understanding.
📍Jardin de Wiltz
8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg