Poetesch-cinematographesche Concert tëscht Chanson, Jazz a filmesche Klangwelten
Doors: 19:30
Brandbau
Deeglang spënns du näischt zesummen, wat de Reen der net zerreift
Well deng Dreem si wieleg Blummen, an de Wand as dat, wat bleift…
De Gaston Rollinger (1946-2024), Dichter a Pionéier an der Lëtzebuerger Filmproduktioun, huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn och seng ronn 40 Gedichter op lëtzebuergesch entstanen.
Ouni Pathos, ma net ouni Humor, schwätze si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an de Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Décor.
De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech während e puer Joer intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorauser sinn de ganz intimisteschen Album « Däischter Deeg » (2024) an den Dokumentarfilm « TERRE ROUGE - Topographie du poète », deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionnéiert gouf, entstanen.
Mat:
Fränz Hausemer: Piano, Stëmm
Greg Lamy: elektresch Gittar
Benoît Martiny: Batterie, Perkussioun
Luciano Pagliarini: Saxophon
Benoît Legot: Kontrabass
Renata Van der Vyver: Viola
Daniel Pagliarini: Akkordeon
Marco Lorenzini: Rezitatioun
Partner: FerroForum, Lycée de Garçons Esch, Kulturfabrik, Ville d’Esch
Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Centre national de l’audiovisuel, Centre national de littérature, Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte an dem Ministère de la Culture.
///
Kulturpass
Den Entrée mam Kulturpass ass an der Oweskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.
Service Fee
Op all Ticket (ausser dem Kulturpass-Tarif) gëtt eng "Service Fee" vun 2€ berechent. Merci fir Äert Versteesdemech.