Konscht, Kultur & Merguez treffen sech op oppener Strooss
Nom groussen Trounwiessel de 4. Oktober zu Wooltz – wou en 150 Meter laangen Dësch d’Grand-Rue an eng lieweg Symbolplaz fir Zesummenhalt a Villfalt verwandelt huet – geet d’Geschicht elo weider: De Weeltzer Dësch geet op Tour!
STAD LËTZEBUERG
Samschdes, 13. Dezember
Vun 11:00 Auer u
Place Clairefontaine
Zugonschte vun der Stëmm vun der Strooss verkeeft COOPERATIONS eenzegaarteg Stécker vum Trounwiessel zu Wooltz:
- Handgemoolt Tellere vu Kanner a Seniore
- Stécker vum 150 Meter laangen Dëschelduch aus der Duchfabrik Esch-Sauer
- Design-Glieser vun der Brasserie Simon – mat der Kroun vun CooperationsArt Wiltz
All Objet erzielt seng eege Geschicht – an dir kënnt se mat Heem huelen.
Kommt laanscht, loosst iech iwwerraschen a genéisst e Moment tëscht Music & Merguez by Ralitt an Drinks by COOPERATIONS. Zesummen iessen, laachen, an d’Vielfalt feieren – genee esou, wéi et dem Weeltzer Dësch entsprécht!
An Zesummenaarbecht mat der Brasserie Simon, dem Naturpark Öewersauer an den atelier