Back to top
Juni
07
11:00

Geblimmelt Wierder

Wierder fänken un ze bléien, d’Fantasie fänkt un ze wuessen, Kappbiller gi vum Wand duerch d’Welt verstreet. A ville Geschichte stiechen Iddie vu Wuesstum an der Kraaft vun der Natur: Wat kann de Bësch eis bäibréngen? Wéivill Kraaft läit an engem klenge Somkär? Wat wiist aus engem klenge grénge Blat ?

« Geblimmelt Wierder » kënnt mat enger Rëtsch Geschichten ronderem Gäert, Planzen an déi well Natur – fräi erzielt op lëtzebuergesch an däitsch vun den Erzielerinnen Betsy Dentzer (Lëtzebuerg) a Kathleen Rappolt (Däitschland).

Alter: 6+ / C2
Dauer: +/- 45’
Sproochen: Däitsch a Lëtzebuergesch
Genre: Erzielkonscht

/// TICKET ///

Ticket
E Ticket fir de Garden Sounds Family Day (Jardin de Wiltz) gëtt Iech och Zougang zum Theaterstéck "Geblimmelt Wierder" (Brandbau). Tickets sinn och  an der Dageskees verfügbar. 

Kulturpass  
Den Entrée mam Kulturpass ass ander Oweskeess méiglech. Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech, Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen. 

Service Fee 
Op all Ticket (ausser dem Kulturpass-Tarif) gëtt eng "Service Fee" vun 2€ berechent. Merci fir Äert Versteesdemech. 

📍Brandbau
2 Gruberbeerig, L-9538 Wiltz

Pictures: Betsy Dentzer © Véronique Kolber, Kathleen Rappolt © Anna Schäflein
Tarif
  • TICKET
    15.00
  • KIDS
    8.00
  • KIDS AGED UNDER 5
    5.00
  • KULTURPASS (DAY OFFICE)
    1.50
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Facebook