Back to top
November
13
09:30

Tolo & Scoia (Fir Schoulen)

Musekstheater fir Kanner 

Tolo & Scoia…   
… wann zwee sech streiden, freet sech den Drëtten 

Zwee Kaweechelcher, e Sträit an e puer Iwwerraschungsgäscht – eng Geschicht, déi bewosst einfach bleift. Keng schnell Billerwiessel, keng spektakulär Effekter. Dofir vill Pabeier, Schéier a Faarwen, vun Hand gemoolte Biller, déi verréckelt a beweegt ginn. Alles entwéckelt sech live virum Publikum – roueg, gräifbar, mat vill Léift fir den Detail an enger ganz eegener Raffinesse. 

„Back to the basics“ ass dobäi net nëmmen ee Motto, mee eng kloer Haltung. D’Geschicht reiht sech an „d’Semplice-Serie“ vun Toile Si-Re an. Echt Handaarbecht steet dobäi am Mëttelpunkt: gräifbaart Material an d’Beweegen, d’Tässelen, d’Schneiden, d’Peschen an d’Verwandele vu Pabeier. Eng Aluedung fir nees wouer ze huelen, wéivill een aus einfache Saachen kann eraushuelen, an dëst ouni techneschen an elektroneschen Opwand. Leinwand, Kamera a Beamer vergréisseren dobäi just, wat vun Hand entsteet. 

Wéi en eegenen Erzielfloss leet sech déi zur Geschicht komponéiert Musek iwwert déi projezéiert Biller. De Saxophon lieft duerch eng besonnesch Klangsprooch, opgebaut op de Modi vum Olivier Messiaen. Friem an iergendwéi och net, virwëtzeg an iwwerraschend, taucht si de Publikum an eng spezifesch Héierwelt a weist, datt och esou ongewéinlech Musek hire Wee bei e ganz jonke Publikum fanne kann. 
 
Dauer: 30 Minutten 
Ouni Sprooch 
Alter: ab 3 Joer 
Lieu: Ciné Prabbeli, 8 Gruberbeerig, L-9538 Wiltz


Umeldung fir Schoulen
Schéckt eis w.e.g. eng E-Mail un info@cooperations.lu
6€ pro Kand (Gratis fir d’Léierpersonal)  

Besetzung
Konzept an Geschicht: Annick Sinner & Nadine Kauffmann 
Biller a Live-Animatioun: Annick Sinner 
Kompositioun a Spill / Saxophon: Nadine Kauffmann 
Produktioun: Toile Si-Re a.s.b.l 
Koproduktioun: Kulturhaus Niederanven, Fondation EME 

Tarif
  • Kanner
    6.00
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

November
13
Jeune public
6
November
13
Jeune public
6
November
13
Jeune public
6
November
22
15:00
-----
Jeune public
6
November
23
Jeune public
6