Groove & Lullaby ass en interaktive Concert fir Kanner a Familljen, deen zum Nolauschteren, Matsangen a Matmaachen invitéiert. Zesumme mat hirer Band MeLUDIC verbënnt d’Dominique Steiner lieweg Melodien, waarm Klangfaarwen a rhythmesch Energie zu engem authenteschen akustesche Concertserliefnis.
All d’Lidder gi live vu professionelle Museker gespillt. D’Band MeLUDIC besteet aus renomméierte Museker aus de Beräicher Jazz, Rock a Klassik. Déi fantasievoll Lidder erziele vu Piraten, Dinosaurier, Reebéi a klengen Aventuren aus dem Kanneralldag a verbannen dobäi Lëtzebuergesch mat däitschen, franséischen an engleschen Elementer. Duerch Beweegung, Rhythmus a kleng Matmaach-Momenter entsteet e liewege Concert fir Grouss a Kleng.
Besetzung
Dominique Steiner - Gesang & Kompositioun
Daniel Chavet - Gesang & Gittar
Arthur Possing - Piano
Marc Demuth - Bass
Benoît Martiny - Percussioun
Umeldung fir Schoulen
Schéckt eis w.e.g. eng E-Mail un info@cooperations.lu
6€ pro Kand (Gratis fir d’Léierpersonal)
Lieu
Brandbau
2 Gruberbeerig
L-9538 Wiltz