Back to top
novembre
26
09:30

ZongenZodi - Schoulvirstellung fir d’Cyclen 1 & 2

Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!

ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.

Koproduktioun Escher TheaterErzielkonscht a.s.b.l.

Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer

INFOEN
4-8 Joer
Op Lëtzebuergesch
Dauer: 45min. 

UMELDUNG
info@cooperations.lu
6€ pro Kand (Gratis fir d’Léierpersonal) 

Tarif
  • Pro Kand
    6.00
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxembourg

Facebook