Back to top
Juli
21
16:00

Kaz am Sak 4

« Stell der vir, du klëmms do an dee Bus an da léiss de dech féieren.
Du weess zwar net wouhin, mä du léiss dech drop an...
An dann op eemol kënns de un.
Du has der alles erwaart, mais net dat do.
Du klëmms eraus a scho geet et lass.
Ween hätt dat geduecht, grad hei, an och nach  esou eppes ! »

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an de Partner vu Coopérations an dem Festival de Wiltz, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an. D’Leit kafen – scho fir déi 4. Kéier – d’Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.

Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen.

D'Platzen hunn d'Identitéit an d'Geschicht vu Wooltz a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.

De Publikum wäert des Platzen an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun. 

---

Informatiounen: 

Ticketen: 20 Euro // 8 Euro (Theater-Kaart, Oweskeess) // 1,50 Euro (Kulturpass, Oweskeess)
Plaz: Hotel beim Schlass, 1 Grand Rue Wiltz (16 Auer)
Sprooch: LU/D

---

Koproduktioun:

MASKéNADAHydre EditionsCOOPERATIONS Wiltz & Festival de Wiltz
Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte an der Fondation Indépendance.

---

TICKET

Tarif
Lieu: Hotel beim Schlass, 1 Grand Rue Wiltz

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11