Back to top
juin
05
19:00

Claudine Muno Trio / Hannah Ida

Hannah Ida (Folk, LU) - 19:00 

Déi jonk Singer/ Songwriterin Hannah Ida schreift melancholesch Indie Folk Stécker a begleet se op hirer Gittare an Ukulele. Hiren Debut Titel " White Bird" ass no enger Rees um Seegelschëff Richtung Skandinavien entstanen. Dem Hannah Ida seng Musek zeechent sech aus duerch eng Kombinatioun vu réihen Akkustik Kläng an deels mysteriéise, deels rebellesche Songtexter - ganz am Sënn vu Liewenswee deen déi jonk Kënschtlerin bis heihi gemaach huet.  

Claudine Muno Trio (Folk, LU) - 20:00

Den Trio ronderëm d’Claudine Muno ass virun allem entstanen aus enger gemeinsamer Begeeschterung fir akustesch Kläng an hiert Zesummespill. Mat Gittar, Piano a Pedal Steel interpretéieren den Thierry Kinsch, d’Claudine Muno an den Jamie Reinert eege Kompositiounen op Englesch a Lëtzebuergesch an notzen dobäi d’Fräiheet, déi d’Musekmaachen am Trio bréngt, fir kënnen openeen ze lauschteren, ze réagéieren an d’Stécker ëmmer erëm e bëssen nei ze erfannen. Si dräi verbënnt eng Léift fir de Songwriting aus de 70er Joren, vu Van Morrison iwwert Elton John, Joni Mitchell, Jim Croce oder Tom Waits. 

Location: Prabbeli Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Virverkaf 14.00 EUR, Oweskees 16.00 EUR (< 26 Joer Virverkaf 7.00 EUR, Oweskees 9.00 EUR) (Kulturpass 1.50 EUR) 

---

D'Concerte am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

 

Weider Events am Kader vun de Garden Sounds: 

24.04, Wolf & Moon (Indie Folk, DE)  - 19:00The Tame and the Wild - 20:30 (Indie Folk, LU)

01.05, Zu Wooltz gëtt geraibert - 14:00 (Workshop fir Kanner, LU)/  Arthur Possing Quartet - 15:00 (Jazz, LU) 

8.05, Tom Gatza - 19:00 (Neoclassical, DE)/All Reitz Reserved- 20:30 (Violin Electronica, LU)

14.05, Liesung mam Jemp Schuster: Blutsëffer an Ouereschlëffer - 19:00 (Liesung, LU)

15.05, Pascal Schumacher - 19:00 (Neoclassical/ Jazz/ Ambient, LU)

22.05, Benoît Martiny Band - 19.00 (Jazz/ Rock/ Fusion, LU)

29.05, Kid Colling Cartel (Blues, LU) - 19:00

11.06, Poetry Slam de Lux'11 - 19:00 (Poetry Slam, LU) 

12.06, Don Piano - 19:00 (Urban, Soul, LU)

19.06, Fête de la Musique - 14:00 (École de Wiltz, LU)

 

 

 

 

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitäroplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.

Tarif
  • Prévente <26 ans
    7.00
  • Caisse du soir <26 ans
    9.00
  • Prévente
    14.00
  • Caisse du soir
    16.00
  • Kulturpass (Caisse)
    1.50
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxembourg

Facebook
SOLD OUT

Programme CULTUREL

avril
05
Concert
5
avril
06
Concert
5
avril
26
Concert
5
avril
27
Jeune public
6
mai
25
Jeune public
6
mai
25
20:30
-----
Concert
5
juin
29
Jeune public
6
septembre
20
Event
11
septembre
21
Event
11